Freitag, 29. Februar 2008

VB 076 D'Zukunft vun de Fraen an Europa

1 Kommentar:

Matriarchin Luxemburg hat gesagt…

Bonjour Mme Lulling
Et héiert een haaptsächlech ëmmer, datt äer Parteikommerodin Erna Hennicot Schoepges sech breet méch fir den Islam, an elo zu Bréissel nees diesbezüglech eng Konferenz gehalen huet am Sënn vum "Interculturel". Dobäi bräichten dach virun allem d'Ex-Muslim, d'Organisatioun vun der Minah Ahadi fir Däitschland, déi den 10. Mäerz eng Konferenz zu London hält, massiv moralesch a finanziell Ënnerstëtzung vun der EU. D'Minah Ahadi an d'Maryam Namazie (fir d'Ex-Muslim vu Groussbritannien) setzen sech haaptsächlech géint eng "Sexual Apartheid" an, also fir d'Gläichberechtegung an d'Gläichwäertegkeet vun de Muslima an Europa a weltwäit an. Wat dann och onbedéngt zu engem Verbued vum islamesche Schleier féiere misst. Vun engem Ganzkierperschleier mol net ze schwätzen. D'häuslech Gewalt spillt an deem ganze Kontext vun der Integratioun eng immens wichteg Roll.
An da verstinn ech och net firwat d'Madame Hennicot sech net méi asetzt fir, datt de Popst endlech d'Ordinatioun vun de chrëschtlechen Theologinnen duerchsetzt. Wéisou kann ee vu Bréissel aus nach vun den "universale" Mënscherechter schwätzen, wann déi kathoulesch Theologinnen esou diskriminéiert ginn? Et gëtt de Rapprochement mam Islam gesicht (wou Europa ëmmer nees Plomme léisst a nogëtt), wou de Vatikan net ëmol mat de Protestanten eenz gëtt. Dat schénge mer den Ament déi wichtegst Froen fir den 8. Mäerz Internationale Fraendag 2008, ze sinn.
Eigentlech sollt ech der Mme Hennicot déi Froe selwer stellen, mä ech weess leider net wéi ech den Ament sollt u si kommen.