Samstag, 9. Juni 2007

Astrid Lulling kontra Lux-Forum.de

4 Kommentare:

Lulling Astrid hat gesagt…
Dieser Kommentar wurde vom Autor entfernt.
Lulling Astrid hat gesagt…

Hei e Beispill, wéi se probéiere mech an den Dreck ze zéien

http://www.lux-forum.de/forum-lu/thread.php?threadid=688&threadview=0&hilight=lulling&hilightuser=0&page=3

Lulling huet 78 Joer 1929 gebuer
Spautz huet 77 Joer 1930 gebuer
Hennicot huet 66 Joer 1941 gebuer
Goebbels huet 63 Joer 1944 gebuer

Ma wann déi Pänz richtech missten schaffen, ma dann hätten se schon laang Pension, daat Ganzt ass e Witz an eng Sauerei

Wéi wann déi nett Geld genuch schon hätten

Mengt daat aalt versoffent Lulling hatt kient Geld nach matt an d'Kescht kréien!

User Ringo 8/01/07

Sokrates hat gesagt…

Madame Lulling,

Ech si mer net secher, ob et Iech bewosst ass, mee d'Leit probéieren net, Iech mutwelleg "duerch de Kaka" ze zéien, wéi Där et an engem vun Äre Botschaften beschreiwt, mee et gi villméi konkret Messstänn kritiséiert.

Ären Politikstil, virun allem Är Art a Weis, kennt net immens gudd un. Där setzt schließlech am Europaparlament a net am Virstand vun engem Keeleclub.

Doriwer eraus wensche sech vill Leit e fresche Wand an der Politik. Jonk Leit sollten eng Chance kréien.

Ech denken, dass déi Kritiken duerchaus berechtegt sinn. Wann een, wéi Där, e Medium wéi den Internet notzt, wou net nemmen déi "déck Fesch", mee och de "klenge Mann" séng Meenung soe kann, da muss een virun allem als Politiker(in) bereed sinn, Kritik a Kaaf ze huelen...

Unknown hat gesagt…

majo ech wollt just soen dass awer net an all Forum Leit an den Dreck gezun gin an et der och gin wou wierklech opgepasst get dass keen beleidegt get an all Mënsch respektéiert get ...

ech sin elo duerch zoufall op ärer Säit geland a fannen et traureg dass et iwwerhaapt néideg dass der musst an enger Fernsehssendung musst soen wéi schlemm daat ass esou vun Leit ze schwetzen

@sokrates
ech mengen net dass d'Madame Lulling ee Problem huet wann ee kritsiéiert oder och wann een enger anerer Meenung ass oder de Politikstil net gären huet... ech mengen et därf jo jiddereen seng egen Meenung zu eppes hun, mee et gin halt verschidden Art a Weisen wéi een eng Meenung seet. Et muss een jo awer kee Mënsch beleidegen ....

Ech wees elo net wéi d'Madame Lulling hier Politik mecht an hieren Stil ass, well ech daat net esou verfolegen wéi ech daat misst maachen fir dozou kennen eppes ze soen.

Mee eppes kann ech elo awer nach soen, den Alter vun enger Persoun huet näischt domadder ze din wéi se hier Aarbecht mecht, souwuel ee Jonken wéi en Äleren kann seng Aarbecht gutt oder schlecht, gären oder nemmen maachen well se halt mecht... An ech denken och wann d'Madame Lulling hier Aarbecht net gären geng maachen an mat Iwwerzegung dann hätt se schon längst kënnen ophalen domadder... Ech mengen awer och dass eng Dame déi schon esou laang engagéiert ass net einfach kann ophalen an doheem an hierem Gaart setzen kann